- 3.9.23: Duebele Vernissage: Expo Zahrée Veerman "Graphics" am Aale Kino zu Veianen an "Les Invités: Christiane Schmalen & Claudine Pint-Lieners" an der Veiner Konstgalerie
An Zesummenaarbecht mam Clubhaus Op der Heed vun Hëpperdang hu mir e Samschdeg den 8. Juli e Workshop zum Thema Naturfaarwen bei eis am Atelier ugebueden. D'Partiticipanten waren trotz der dëcker Hëtzt ganz äifreg dobäi, fir Faarwen ze mëschen an auszeprobéieren a mir soen dem Clubhaus an de Leit Merci.
De 4. Juni 2023 konnt een eis um Augenschmaus' Creators Market am Schluechthaus zu Hollerech um Stand 81 - Zahrée Veerman besichen
Augenschmaus X European Design Festival
Location: Schluechthaus - Hollerich/Lux
Opening hours: Sun. 11h - 19h - Free Entry
Och eisen Atelier war mat derbäi op der 10. Editioun vum KonschTour zu Veianen, Sonndes den 28. a Méindes de 29. Mee. 2023
Méi Informatiounen op: www.konschtour.lu
An eisem Atelier hun ausgestallt:
- Didier Scheuren didier-scheuren.be (Invité)
- Zahrée Veerman zahree.com
- Christiane Schmalen cmschmalen.com
10° KonschTour 2023 verpasst? Kuckt Iech de Virtuelle KonschTour un: https://www.konschtour-vianden
Vum 25. Mäerz bis den 2. Abrëll konnte mir bei der Ausstellung "Carlo Schneider & Co" zu Randschelt am Aale Parhaus matmaachen. Mir soen der Waler Aktiounsschmëtt Merci fir des Geleeënheet an déi super Organisatioun!
Vum 2. bis den 31. Mäerz waren e puer vun eise Wierker bei der Gruppenausstellung vum ARC am Wallis Paragon an der Stad ze gesinn.
Den zweete Weekend am Februar hu mir gemeinsam oppen Dier mam Atelier Marie-Josée Kerschen.
Kommt laanscht fuerwerzen a mat eis ee Kaffi drénken op 5C an 5A Op der Baach (Rue du Ruisseau) zu Veianen.
Mir freeën eis op Iech!
2.12, 11.12, 18.12 Wintermarket Konschteck, Montée de Clausen
3.12. KonschtmArt 2022 um Schloss Kevenig
2.12.22 - 1.1.23 Gruppenausstellung "Ho!Ho!Ho! Woop Woop" im Kuckuck (St. Vith)
20.11. Markt der Künste, Kunsthalle Trier
Dëst Joer ware mir um Markt der Künste zu Tréier an der Konschthal vun der Europäiescher Konschtakademie an um KonschtmArt zu Kevenig zum Schlass vertrieden, mat klengen Original-Konschtwierker an -Drucker an och digitalen Reproduktiounen.
Vum 8. Oktober bis de 6. November hu mir zu Clierf am Konschthaus op der Gare ausgestallt, zesumme mam Claudine Pint-Lieners, Keramikkënschtlerin.
Artikel an der Zeitung "Lëtzebuerger Vollëk":
https://www.zlv.lu/db/1/1429923409520/0
Mir soen dem Guy Daems an dem Mireille Karpen Merci fir déi flott Ausstellungsreim zur Verfügung gestallt ze hunn! Méi Informatiounen op: www.konschthausopdergare.lu
22.9. - 9.10. Gruppen-Ausstellung ARC A Spiren zu Stroossen (Zahrée Veerman)
15.8. - 28.8. Gruppen-Ausstellung ARC am Parc Merveilleux zu Betebuerg (Zahrée Veerman)
30.7. - 28.8 Gruppen-Ausstellung EVBK Bitburg (Zahrée Veerman)
Den Atelier Säitlech Verstoppt war och dest Joer ee vun den Auststellungsuerter um KonschTour 2022. Mir hunn eis gefreet, d'Bildhauerin AnneMariken aus Holland ze presentéieren, dat bei eis am Atelier als Gaascht ausgestallt huet.
AnneMaryken Zahrée Veerman Christiane Schmalen
Skulptur Zeechnung Molerei
T: +352 26 61 05 38 / +352 621 61 61 39 / +352 691 917 878
E: ateliersaitlechverstoppt@pt.lu
F: https://www.facebook.com/saitlechverstoppt
© Atelier Säitlech Verstoppt (Zahrée Veerman & Christiane Schmalen)