Konscht- a Grafikatelier zu Veianen

Den Konscht- a Grafikatelier "Atelier Säitlech Verstoppt" ass e gemeinsame Projet vun de Kënschtler Zahrée Veerman a Christiane Schmalen. Mir sinn bildend Kënschtler (arts plastiques), Grafiker, Illustrateuren a Geschichtenerzieler. Dir kënnt bei eis och Aarbechten an Optrag ginn (méi dozou ënnert "Wat mir man").

Öffnungszäiten: eisen Atelier ass gewéinlech ëmmer den zweete Samschdeg am Mount op, vu 14 - 18 Auer, Dir kënnt awer och e perséinleche Rendez-vous mat eis ausmaachen. Wa mer ausser der Reih zou oder op sinn, publizéieren mir dat op eiser Facebooksäit.

 

Ausstellungen a Märkt: wou mir demnächst unzetreffe sinn fannt Dir ënnert de Rubrik "Aktuelles".

 

Newsletter: Wann Dir wëllt iwwert Vernissagen, Märkt, Coursen oder soss Veranstaltungen a Projeten vun eis informéiert ginn, dann schreiwt eis en E-mail mat dem Stëchwuert "Newsletter". Mir halen eis och kuerz a knapp - versprach!

Kontakt:
Tel: +352 26 61 05 38 / +352 621 61 61 39 / +352 691 917 878
E-mail:  ateliersaitlechverstoppt@pt.lu
Adress: 5A, Rue du Ruisseau  L-9424 Vianden