Mol- an Zeechecoursen

Mixed Media Cours 28.09., 05.10., 12.10.

Op 3 Nomëtteger verdeelt mole mir mat Gouache, Aquarellfaarwen, Stëfter, Collage a Mëschtechnik Biller. Dobäi kritt Dir och gewisen, wéi ee selwer ka Gesso maachen.

Präis: 225 € inkl. Material

 

Méi Detailer fannt Dir hei: https://www.landakademie.lu/de/seminar/7002

De Cours gëtt organiséiert vum Clubhaus Op der Heed


Individuell Coursen                                           20 € / Stonn

Dir kënnt bei eis an den Atelier ënner Uleedung zeechne kommen. Bei Interessi, rufft eis un a maacht en Termin aus: 26 61 05 38 oder um 621 61 61 39 (Christiane Schmalen) oder 691 917 878 (Zahrée Veerman). Dir sidd nit mobil? Dat selwegt ass och online méiglech.

Online Coursen - Art journaling & intuitivt Zeechnen