Mir liewen am Moment nach an enger Welt, an där alles ëmmer méi schnell geet, alles ëmmer méi grouss gëtt an, wéi et schéngt, alles op globalem Niveau ofleeft. Besonnësch déi lescht zwee Joer an och déi aktuell Situation weisen eis, dat dëse System immens fragil ass, an et deet eis an och eisem Planéit net gudd. Well mir iwwerzeecht dovu sinn, dat all klengen Effort zielt, schaffe mir esou wäit et geet mat regionalen Ubidder a Partner a probéieren souvill wéi méiglech mat ëmweltfrëndlechem Material an Recup-Material ze schaffen. Mir experimentéieren mat Material wéi Stoffreschter oder aalen Holzstécker, kaafe Billerrummen op Floumärkt a probéieren esou wéineg wéi méiglech Plastik ze benotzen.
T: +352 26 61 05 38 / +352 621 61 61 39 / +352 691 917 878
E: ateliersaitlechverstoppt@pt.lu
F: https://www.facebook.com/saitlechverstoppt
© Atelier Säitlech Verstoppt (Zahrée Veerman & Christiane Schmalen)