Wat mir man

Zeechnung a Molerei

Während de Zahrée Veerman säi Schwéierpunkt op Zeechnunge leet - mat Chinatusch an digital - dréckt d'Christiane Schmalen sech haaptsächlech duerch faarweg Molerei aus.

© Christiane Schmalen
© Christiane Schmalen

Méi vun eiser Konscht fannt Dir op eise jeweilege Websäiten: www.zahree.com an cmschmalen.jimdofree.com.
Gären kënnt Dir direkt bei eis laanschtkommen an eis Konschtwierker bei eis am Atelier ukucken an och kaafen. Verpasst net eisen Onlineshop!

Et ass ausserdeem méiglech, e Wierk bei eis an Optrag ze ginn (mir molen och gär op Wänn ... ).  


@Zahrée Veerman
@Zahrée Veerman

Grafik an Illustratioun

Vun der fräier Konscht zur Grafik an Illustratioun ass et e fléissenden Iwwergang an alles beafflosst sech géigesäiteg.

Dir kënnt bei eis eng ganz Reih Saachen an Optrag ginn, zum Beispill Flyer a Pousteren fir en Event, e Logo fir Är Entreprise, en Wäinetikett ... an esou weider, fir e puer Beispiller ze nennen. Mir maachen Iech de Layout fir Broschüren oder Zeitungen, no Ofsprooch kënne mir och Texter a verschiddene Sproochen erstellen. Wann Dir dat wëllt, kënne mir fir Iech de Kontakt mat der Dréckerei ophuelen an Äre Projet drucke loossen.

© Zahrée Veerman
© Zahrée Veerman

Wann Dir e Buchprojet hutt, zum Beispill eng Kannergeschicht oder eng Sammlung vu lyreschen Texter, kënnt Dir eis froen, fir Ären Text mat de passenden Illustratiounen ze verschéineren. Hei sinn souwuel eng digital Approche wéi och "offline" Technike méiglech, wéi zum Beispill Aquarell oder Linolschnëtt. De Choix vun der Technik hänkt hei staark dovun of, wéi eng Stëmmung am Buch soll erreecht  ginn awer och, wat fir e Budget hur Verfügung steet.

 


Dir hutt e Projet fir eis?

Wéi fonktionnéiert dat elo, wann Dir e Projet hutt, bei dem Dir eis Hëllef wéilt an Usproch huelen? Am beschten ass et, Dir schreiwt eis e kuerzen E-mail, wou Dir Äre Projet beschreiwt an da kënne mir Iech eng Propos maachen. Dir kënnt eis natierlech och gären uruffen. E puer Punkten déi Dir Iech evt am Virraus kënnt iwwerleeën, sinn zum Beispill d'Format, d'Oplag oder Delaien déi Dir wëllt anhalen.

Mol- an Zeechecoursen

Eis Freed un der kreativer Aarbecht gi mir gäre weider, dofir bidde mir och Mol- an Zeechecoursen un. Bei eis am Atelier hutt Dir d'Méiglechkeet, ënnert Uleedung Molen oder Zeechnen ze kommen. Fir déjeneg déi sech net wëllen oder kënnen deplacéieren ass eng Online-Variant méiglech. Weider Informatiounen dozou fannt Dir ënnert der Rubrik "Coursen".

Bei Interessi, rufft eis einfach emol un oder schreiwt eis eng E-mail.